De Litty Info-An Aarbechtsblieder Faarweg.Indd
Total Page:16
File Type:pdf, Size:1020Kb
Les Carnets didactiques du Cedom 1 Lidder fir Land a Leit ‚Ons Heemecht‘ Lächertexter – Nouten – Verständnisfroen – Wierfelspill – Feelertext Lauschteraufgaben – Infolidd – Zeechenaufgaben – Informatioune sichen Wierder sichen – Hannergrondinformatioune fir d’Léierpersonal Bibliothèque nationale de Luxembourg De Litty – Les Carnets didactiques du Cedom Lidder fir Land a Leit ‚Ons Heemecht‘ Editeur: Bibliothèque nationale de Luxembourg / Centre d’études et de documentation musicales (Cedom) Redaktioun/Noutesaz: Georges Urwald Zeechnungen: Andy Genen Grafik/Design: Vidalegloesener, Lëtzebuerg CD-ROM: Service documentation et production audio- visuelle du SCRIPT Distributioun: Bibliothèque nationale de Luxembourg / Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse Gratis Redaktiounsuschrëft: Bibliothèque nationale de Luxembourg De Litty / Cedom 31, bd. Konrad Adenauer L-1115 Lëtzebuerg e-mail: [email protected] ISSN 2354-4732 Merci: Jacqueline Dupont, Nico Eich, Jean-Marie Kieffer, Thierry Konsbrück, Ronny Mergen, Michel Pauly, Lex Roth De Cedom huet sech beméit, all Rechter ofzeklären. Wann een anerer Meenung ass, biede mer deejéinegen, sech mam Cedom a Verbindung ze setzen. © Bibliothèque nationale de Luxembourg 2014 Tous droits réservés Les Carnets didactiques du Cedom 1 Lidder fir Land a Leit ‚Ons Heemecht‘ E populäert Lidd aus dem Joer 1864 Um Beispill vun der Lëtzebuerger Nationalhymn setzen d’Schüler sech op ver- schidden Aart a Weise mat der Iddi hannert engem Lidd auserneen, dat Mënschen uneneen an un eppes bënnt. Si léieren d’Zäit, d’Wierk a seng Auteure kennen. Zilgrupp: EF Cycle 4 – ES / EST 7 Léierberäicher: Geschicht, Kultur, Musek zu Lëtzebuerg, Wäerter ‚Natioun an Heemecht‘, bewosst lauschteren, zesumme sangen Material: Aarbechtsblieder, Lidder, Wierfelspill, CD-ROM Léif Kolleginnen a Kollegen, ronderëm den Éischte Weltkrich huet ganz Lëtzebuerg de Litty an d’Bobby kannt. Eigentlech hu si Pierre-Toussaint Stefani (1872-1932) a Victorine Chalois (1895-1988) geheescht. Si hunn d’Leit mat lëschtege Liddercher, mat Spiichten a mat Variété- Nummeren ënnerhal: op der Schuebermëss, op der Plëss, am Café-Concert, am Hotel. Mat grousser Freed stellt dësen Duo Iech dat éischt Heft aus der neier Serie ‚Les Carnets didactiques du Cedom‘ vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik am Optrag vum Kultur- ministär an an Zesummenaarbecht mam Edukatiounsministär vir. Lëtzebuerger Kultur an hirer Zäit gëtt a Form vu fächeriwwergräifenden, attraktiven, didaktesche Materialie gratis ugebueden, vu fréier bis haut, fir Grondschoul a Lycée. An den Hefter fannt Dir Dräierlee: Informatiounen an Ureegunge fir d’Léierpersonal (mooft Infoblat), Aarbechtsblieder fir d’Schülerinnen an d’Schüler (wäisst Aarbechtsblat) an eng CD-ROM mat Audiodateien an den Aarbechtsblieder (Pdf) fir ze projezéieren a fir faarweg oder schwaarz-wäiss erauszedrécken. D’Material an d’Virschléi sinn esou ausgeluecht, datt den Enseignant sech dat eraus huele kann, wat him fir seng Klass gëeegent schéngt. D’Thema vum éischte Carnet ‚Lidder fir Land a Leit – Ons Heemecht‘ riicht sech un de Cycle 4 aus der Grondschoul resp. un d’Septimaner aus dem Lycée a kann an der Geschicht, an der Musek, am Lëtzebuergeschen an an engem ‚Wäerteunterrecht‘ agesat ginn. Virun 150 Joer ass eis heiteg Nationalhymn fir d’éischt opgefouert ginn. E Grond fir de Litty an d’Bobby, déi passend Schoulmaterialien a Form vun Informatiounen, Verständnisfroen, Lächertexter, Lauschteraufgaben, Nouten, Wierfelspill an Zeechenaufgaben unzebidden. Vill Spaass, Salitty a bis geschwënn! Georges Urwald Museksprofesser am Iechternacher Kolléisch Professeur-détaché am Cedom/BnL De Centre d’études et de documentation musicales, kuerz gesot de Cedom, bekëmmert sech drëm fir de Lëtzebuerger Musekspatrimoine ze sammelen, ze zentraliséieren, ze repertoriéieren, fir d’Nowelt ze conservéieren an de Leit zougänglech ze maachen. Mat de ‚Carnets didactiques du Cedom‘ gëtt de Cedom sech en neie Medium fir säi Museks fong ze promouvéieren awer och d’Lëtzebuerger Kultur an hire wäertvolle Patri- moine de Schüler méi no ze bréngen. De Cedom mécht sech domadden e schéine Kaddo fir säi 25järegt Bestoen. Dank dëser wonnerbarer Initiativ hoffen ech, dass mir et fäerdeg bréngen, och jénger Generatioune fir déi villfälteg Lëtzebuerger Kultur ze begeeschteren. Françoise Molitor Chef de Service vum Cedom D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, d’BnL (Bibliothèque nationale de Luxembourg) huet als Kärmissioun Wëssen a Kultur ze vermëttele fir all Leit, déi hei am Land liewen a schaffen, op jonk oder méi al, egal wéi e Beruff oder wéi eng Schoulausbildung, an egal wéi eng Nationalitéit se hunn. Si soll och hëllefen, déi auslännesch Matbierger, déi an eisem Land liewen, an d’Lëtzebuerger méi no zesummenzebréngen. Eng Haaptmissioun vun der Nationalbibliothéik besteet doran, all Publikatiounen, déi zu Lëtzebuerg editéiert ginn, ze sammelen a laangfristeg zougänglech ze maachen. Zu där ‚Luxemburgensia‘, op Pabeier, wäerte sech an Zukunft ëmmer méi numeresch Publika- tiounen (‚digital born‘) gesellen. D’BnL huet och e Musekdepartement, de Centre d’études et de documentation musicales (Cedom), deen d’lëtzebuerger Museksliewen dokumentéiert. Ouni all déi Dokumenter wär et net méiglech d’Lëtzebuerger Geschicht ze schreiwen. De ‚Fonds non luxembourgeois‘ vun der BnL erlaabt et, déi Geschicht an eis Gesellschaft, déi sech jo ni am ‚vase clos‘ entwéckelt hunn, an den internationale Kontext ze setzen an esou besser ze verstoen. D’Aarbechte vun de lëtzebuerger Historiker a Literaturfuerscher weisen, dass dat kultu- rellt Liewen am 19. Joerhonnert bis zum 2. Weltkrich vill méi intensiv a produktiv war, wéi dat laang gemengt ginn ass. Dat gëllt och fir d’Musek där hir Geschicht nach laang net ganz opgeschafft ass. Lidder, populär Melodien, sinn en Deel vum gesellschaftlechen Zesummenhalt. Si hëllefen och nodréiglech d’Gesellschaft an hirem Alldag, an hirem Selbstverständnes besser ze verstoen. Duerch d’Globaliséierung vun der Kultur riskéieren al Lidder an al Melodien ewechgeschwemmt ze ginn. Dem Georges Urwald säi Merite war et ze proposéieren, Lëtzebuerger Musek a Museker, an hirem historeschen a soziokulturelle Kontext, ënnert Form vu ‚Carnets didactiques‘, duerzestellen, fir dass d’Léierpersonal dës wichteg Komponent vun der Lëtzebuerger Kultur och an den Unterrecht abanne kann. Déi éischt Nummer vun dëse ‚Carnets didactiques‘ ass der Lëtzebuerger Nationalhymn ‚Ons Heemecht‘ consacréiert. Si gehéiert zu den Symboler vun der Onofhängegkeet vun eisem Land an zu senger Identitéit. Et ass wichteg, dass all d’Kanner, déi hei zu Lëtze- buerg an d’Schoul ginn, ‚Ons Heemecht‘ kennen a verstinn. E grousse Merci: dem Georges Urwald fir seng Initiativ a seng Kreativitéit, dem Françoise Molitor, Conservateur, Chef de service vum Cedom, fir hir energesch Ënnerstëtzung, dem Andy Genen fir de flotte Litty deen eis mam Bobby wäert och an den nächste ‚Cahiers didactiques‘ begleeden. E grousse Merci awer och dem Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse an dem Ministère de la Culture. Ouni hiren Accord an hir Ënnerstëtzung wären de Litty an dës ‚Carnets didactiques‘ vum Cedom net zustane komm. Monique Kieffer Directrice vun der Nationalbibliothéik Geschicht Infoblat Aufgab 1A/1B/1C/1D Lidder fir Land a Leit ‚Ons Heemecht‘ Les Carnets didactiques du Cedom 1 Geschicht Astëmmung D’Iddi vun engem ‚kollektive‘ Lidd gëtt op de Klasseverband projezéiert, d’ Natioun op d’Schoulklass: ‚Mir schreiwen eist Klasselidd‘. Wouriwwer muss e Klasselidd handelen? Wat muss et hierginn? Firwat soll d’Klass e Klasselidd hunn? Wouriwwer soll den Text handelen? Wéi e Museksstil passt bäi d’Klasselidd? (Klass virstellen, Klassesall, Klasseklima, Schoul, Liiblingsfach beschreiwen, dat Besonnescht un der Klass, aktuelle Museksgenre, schmasseg Melodie, besënnlech Musek, e ‚geräpptenen‘ Text, … ). D’Zesummelafen tëscht verschiddene Fächer (Sproochen a Musek) bitt sech un. Dës Iddi ka vun der Diskussioun bis zum méi opwännege Versdichten, Kompo- néieren an Ophuele vun engem ‚Klassesong‘ goen. 1A / 1C / 1D Lëtzebuerg: eng beweegte Geschicht Wou d’Uelzecht duerech d’Wisen zéit ... D’Lächertexter 1A an 1D ginn dem Schüler eng Iddi vun der Zäit, dem Lidd an den Ëm- Track 6 / 7 stänn, ënnert deenen Ons Heemecht entstanen ass (zousätzlech Informatioune fir den Enseignant am leschte Kapitel ‚Op de Punkt‘). An deem Kontext kann d’Infolidd 1C Wann de Siggy wësse géif ageprouft ginn. D’Beweegungen (lénke Fousstrëtt, rietse Fousstrëtt, lénke Fousstrëtt, an d’Hänn klappen, op d’Uewerschenkele schloen) an d’Begleetstëmme kënnen den zweeten Deel ergänzen. D’beweegte Geschicht vu Lëtzebuerg ka mat Hëllef vum passende Kapitel am Geschichts- buch oder an der Geschichtsstonn fächeriwwergräifend verdéift ginn. Diskussioun I Lëtzebuerg gëtt am 19. Joerhonnert lues a lues eegestänneg a baut en nationaalt Bewosstsinn op. Wéi fillt ee sech als jonke Mënsch, wann een an déi ‚grouss Schoul‘, de Lycée, kënnt: Regierungsprogramm ëmsetzen oder Hausaufgaben organiséieren, sech international positio néieren oder sech an d’Klass integréieren, Budget opsetzen oder Täschegeld andeelen, ... 1B Aus der Press E Land gëtt onofhängeg a sicht no enger Identitéit Déi 2 Froe bezéie sech op déi 2 Auszich aus dem Joseph Bech senger Dëschried am Joer 1939 am Kontext vum Wuesse vun enger Natioun a vum Opbau vun enger Heemecht. D’Interpretatioun vun der Parabel (Fro 2) gëtt de Bech selwer andeems hie seet: „Während honnert Joer hu mir och eise Lo’n verdengt, wärend honnert Joer hu mir och