Brochure Kulturgeschicht Lëtzebuerg
Total Page:16
File Type:pdf, Size:1020Kb
1 Kulturgeschicht Lëtzebuerg Virliesungsrei fir de Master in Secondary Education – Filière Lëtzebuergesch an de Bachelor en Cultures Européennes D’Virliesunge sinn Dënschdes vun 9h45-11h15 am Sall 2210 an der Maison du Savoir um CAMPUS BELVAL. Programm 20.2.2018: Jeanne E. Glesener (Université du Luxembourg) Aféierung An der Aféierung an d’Virliesungsrei „Kulturgeschicht Lëtzebuerg“ geet et an éischter Linn dorëm, Ziler, d’Methoden an déi verschidde Beräicher, déi d’Virliesungsrei ofdeckt, virzestellen. An engem éischten Deel ginn déi allgemeng Iwwerleeungen, déi dem Virliesungsprojet ënnerleien, ëmrass. D’Presentatioun vun den Impulser, déi den Ausléiser fir d‘Entstoë vun dëser interdisziplinärer Veranstaltung ginn hunn, a vun den viséierten didakteschen a wëssenschaftlechen Ziler sollen de Kader zousätzlech skizzéieren. Den zweeten Deel befaasst sech méi am Detail mat de wëssenschaftleche Grondlagen, ugefaange mat engem kuerzen Iwwerbléck vun der Fuerschung iwwert d’Kulturgeschicht zu Lëtzebuerg, virun allem am 20. an 21. Joerhonnert. Uschléissend ginn theoretesch a methodologesch Zougäng, déi aktuell an der internationaler Kulturgeschichtsfuerschung ugewannt ginn, virgestallt. D’Approche vun der kulturgeschichtlecher Narratologie steet dobäi am Mëttelpunkt vun dësen Ausgangsiwwerleeungen. Dës Method zeechent sech duerch hir Interdisziplinaritéit aus an erlaabt et kënschtleresch, historesch, literaresch a medial Narrativer, déi als zentral kulturell Ausdrocksformen zu der Selbstdeitung a Sënnstëftung vun enger Kultur bäidroen, ze emräissen. D’Notioun vum Narrativ bitt sech als provisorescht Beschreiwungsmuster vun der diachroner a synchroner Kulturentwécklung zu Lëtzebuerg un. Se kéint d’Ausgangbasis sinn, fir no der Ausprägung vun de sproochlechen, literareschen, visuellen, musikaleschen a medialen Narrativer vun der Lëtzebuerger Kultur(produktioun) ze froen. Ofschléissend gi kuerz Ausblécker op d‘Virträg aus de verschiddene Beräicher (Geschicht, Sprooch, Literatur, Konscht, Musek a Medien) ginn. 2 27.2.2018: Michel Pauly (Université du Luxembourg) D’Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg an enger transnationaler Perspektiv Fir unzefänken, probéiere mer an engem breet ugeluechten Duerchgank, d’Kulturgeschicht vun deem Raum, an deem haut Lëtzebuerg läit, z’iwwerblécken: vun der Virgeschicht bis haut, mat Statiounen an der gallo-réimescher Epoch, am Mëttelalter, an der Fréier Neizäit, am 19. an 20. Joerhonnert. Deen Iwwerbléck soll ons erlaben ze verstoen, wat ënnert enger metanationaler Perspektiv ze verstoen ass, firwat déi fir d’(Kultur)geschicht vum Raum Lëtzebuerg néideg ass a wat fir Virdeeler se bitt am Verglach zum traditionellen nationale Bléck op d’Vergaangenheet vum haitege Groussherzogtem. 6.3.2018: Michel Pauly (Université du Luxembourg) Lëtzebuerg am 19. an 20. Jorhonnert Déi kulturell Entwécklung am Lëtzebuerger Land, déi am weidere Verlaf vun der Virliesungsrei am Mëttelpunkt steet, léist sech nëmme verstoen a richteg bewäerten, wann een deen institutionelle Kader kennt, an deem déi Lëtzebuerger Gesellschaft funktionéiert. Dofir beschreift déi zweet Lektioun, wéi de Lëtzebuerger Staat am 19. Jorhonnert entstanen ass a wéi sech no an no en nationaalt Bewosstsinn erausgebillt huet. Kuerz gëtt nach gekuckt, wéi sech Staat a Natioun am 20. Jorhonnert weiderentwéckelt hunn. 13.3.2018: Denis Scuto (Université du Luxembourg) Industrialisation et société luxembourgeoise (19e-21e s.) Ce cours traitera l’histoire de l’économie et de la société luxembourgeoise dans un contexte global, principalement du point de vue du développement et des transformations économiques, industrielles en particulier, des mutations sociales entraînés par le déclin de l’emploi dans l’agriculture, la croissance de celui des secteurs secondaires et tertiaire, avec appel massif à une main d’oeuvre étrangère. Il sera question de l’apparition et de l’institutionnalisation de relations sociales nouvelles mettant en jeu les groupes sociaux (patronat, salariat) ainsi que le rôle de l’Etat. 20.3.2018: Fernand Fehlen (Université du Luxembourg) Wéi Lëtzebuerg dräisproocheg ginn ass Dës Virliesung liwwert en Iwwerbléck iwwer d’Sproochegeschicht bis bei d‘Gesetz vun 1984 (Loi sur le régime des langues), an deem d‘Dräisproochegkeet offiziell festgeschriwwe ginn ass. Schonn am éischte Joerdausend huet sech a Westeuropa eng Grenz tëschen däitsch- a franséischsproochege Gebitter erausgebilt. D’Dynamiken, mat deenen sech fir d’éischt eng franséisch an dunn eng däitsch Sprooch entwéckelt hunn, ware ganz verschidden. Geneesou d’Verhältnis tëscht der jeeweileger Sprooch an der Natioun. D’Lëtzebuerger Dräisproochegkeet ass nëmmen am Spannungsfeld vun dësen zwou Dynamiken ze verstoen. Vun 1841 un entstinn eegestänneg national Institutiounen (Schoul, Lehrerbildungsanstalt, Apostolesche Vikariat an dono Bistum) a Veräiner (Gesangs- a Museksveräiner) an domat e nationale 3 Kommunikatiounskader an deem sech, iwwer de lokalen Dialekter, eng nei Lëtzebuerger Verkéierssprooch erausbilt. D’Sproochwëssenschaft schwätzt haut vun engem „Ausbau“ vun der Sprooch. Dëse Prozess mat senge verschiddenen Etappen an dem wiesselvolle Gläichgewiicht vun den dräi Landessprooche steet am Mëttelpunkt vun der Virliesung. 27.3.2018: Jeanne E. Glesener (Université du Luxembourg) Vernetzung vu Literatur- a Kulturgeschicht unhand vu Beispiller aus dem 19. bis 21. Joerhonnert De Bäitrag, deen d‘Literatur zu der Kulturgeschicht leescht, hänkt, ënner anerem, dovun of, wat fir eng Funktioun der Literatur vun der Gesellschaft zougeschriwwe gëtt, resp. vun der Funktioun, déi d’Literatur sech selwer gëtt. Dës Funktioune sinn zäitgebonnen, d.h. se variéiere jee no den Diskurser vun de verschiddenen Epochen, a ginn, zum Beispill, vun der Vermëttlung vun neiem Wëssen un e breede Public, den Agrëff a politesch a sozial Prozesser, bis bei d’Mythebildung oder nach Contributioun an der Konstruktioun vun enger nationaler Identitéit, etc. D’Opfaassung vu Literatur, déi dem funktiounsgeschichtlechen Usaz ënnerläit, ass deen, datt Literatur an e kulturelle Kontext agebonnen ass, dësen awer net nëmme reflektéiert, mee och matpräägt. Déi kulturell resp. déi kulturgeschichtlech Relevanz vu Literatur erkläert sech deemno doduerch, datt se un de gesellschaftleche Sënnstëftungsprozesser deelhëlt. An dëser Virliesung iwwert d’Literatur vum 19. an 20. Joerhonnert sti d’Funktioune vun der Konstruktioun vun der nationaler Identitéit, der kultureller Eegestännegkeet an dem Broch mam nationalidentitären Narrativ am Mëttelpunkt. Dës Funktioune sti jeeweils fir e bestëmmten Zäitofschnëtt. Deemno gëtt d‘Funktioun vun der Konstruktioun vun der nationaler Identitéit am 19. Joerhonnert unhand vun den Narrativen am Félix Thyes sengem Essai sur la poésie luxembourgeoise (1854) analyséiert. D’Funktioun vun der kultureller Eegestännegkeet, déi déi éischt Halschent vum 20. Joerhonnert ausmécht, gëtt mat Réckgrëff op Texter ronderëm de Mëschkultur-Diskurs analyséiert. Texter a Bréiwer vum Frantz Clément liwweren hei d’Textmaterial, wougéint um Beispill vum Cercle de Colpach ronderëm den Emile an d’Aline Mayrisch déi gesellschaftlech-kulturell Dimensioun vun der Denkfigur vun der Mëschkultur illustréiert gëtt. Zousätzlech gëtt dem Jean-Pierre Erpelding seng Romantrilogie Adelheid François (1938-1940) fir d’Eraushiewe vun dëser Funktioun erugezunn. Hei ass et d‘„Buch der Heimat“, dat vun der Protagonistin zesummegesat gëtt, an dat d’Zich vun enger klenger Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg dréit, wat interessant Froen zu der Funktioun an der kulturgeschichtlecher Leeschtung vu Literatur opkomme léisst. D’Funktioun vum Broch mam nationalidentitären Narrativ, déi nom 2. Weltkrich opkënnt, gëtt op Basis vun Textmaterial an Evenementer aus de 60er a 70er Jore kuerz ëmrass. Am Mëttelpunkt vun der Analys steet hei de Roman Unterwegs zur Insel vum Rolph Ketter. Zousätzlech ginn Texter vum Georges Hausemer, Corina (Mersch) Ciocarlie a Gilles Ortlieb erugezunn, déi sech konkret mat der kultureller (Selbst)duerstellung vu Lëtzebuerg befaassen an/oder dozou bäidroen. 10.4.2018: Ian De Toffoli (Université du Luxembourg) En Iwwerbléck vun der professionneller Theaterlandschaft zu Lëtzebuerg, vun hiren Ufäng bis haut (1964-2017) An der Seance iwwert de Lëtzebuerger Theater geet et net (just) drëms, Theaterstécker virzestellen oder verschidden Auteure literaturhistoresch ervirzehiewen, mee drëms, op sozioliterareschem Niveau en 4 Iwwerbléck iwwert d’Entstoe vun den Theaterinstitutiounen (d’Theaterhaiser, wéi den Théâtre Municipal, de Kasemattentheater, déi allebéid 1964 gegrënnt goufen, den TOL, deen 1972 vun der Grupp ronderëm de Marc Olinger an d’Liewe geruff gëtt, etc., mee och d’Theaterfederatioun), hire jeeweilege kënschtleresche Missiounen (Kreatioun, Gaaschtspill, Sproochepolitik), wéi et zu deene komm ass an a wéi eng Richtungen se sech entwéckelt hunn, hiren Haaptacteuren (vun de Metteur en scène bis bei de Schauspiller an de Schrëftsteller) ze ginn, an sou e Lien ze maachen tëschent den ästhetesch-formelle Spannungen an dem dramatesche Schreiwen (d’Opkommen, an de 60er Joren, vun engem modernen Theater, ugefaang mat Auteure wéi dem Norbert Weber an dem Pol Greisch, méi ugepasst un déi soziopolitesch Realitéite vum Lëtzebuerger Land) an enger progressiver Professionaliséierung vun den Theaterstrukturen. 17.4.2018: Edmond Thill (Institut Grand-Ducal) L’Art au Luxembourg (1815-1975) Si en histoire de l’art un récit linéaire focalisé sur les concepts de progrès et de subversion portés par des mouvements d’avant-garde concentrés dans quelques capitales