A.S. La Jeunesse Esch

Antoine "Spitz" Kohn 1. November 1933- 24 November 2012

Als echten Hieler Bouf huet heen an der Jeunesse Jugendequipen duerchlof bis heen 1949 an der éischter Equipe am Alter vun 16 Joer ugefaangen huet ze spillen. 1951 an 1954 ass heen mat der Jeunesse Champion ginn. No senger Spiller Carrière ass den "Spitz"1972 Chef-Trainer beim FC Twente ginn .1975 wuar heen mat Twente an der UEFA Cup Finale géint Borussia Mönchengladbach wou den Hin-match 0-0 an den Heem-match mat 1-5 verluer gaangen ass.

Veraïner als Spiller 1949-1954 Jeunesse Esch 1954-1958 Karlsruher SC (D) 1958-1959 FC Basel (CH) 1959-1963 Fortuna Geleen (NL) 1963-1964 Sportclub (NL) 1964-1965 Fortuna Geleen (NL) 1965-1968 FC Twente Enschede (NL) An der Letzebuerger Nationaléquipe huet heen 16 matcher gespillt

Veraïner als Trainer (+ co): 1967-1972 co-Trainer FC Twente Enschede (NL) 1972-1979 Trainer FC Twente Enschede (NL) 1980-1981 Trainer (NL) 1981 Trainer FC Bruges (B) 1982-1983 Trainer FC Twente Enschede (NL) 1988-1989 Trainer AJAX Amsterdam (NL) 1977 huet heen mam FC Twente déi Hollännesch Coupe gewonnen.

Um Ajax huet de Spitz den Johan Cruyff ersat an krut dun den Louis Van Gaal als Co-Trainer bei sech.1988 ass heen mam Ajax an d'Finale vun den Coupe Gewënner komm déi awer verluer ginn ass géint de KV Mechelen aus der Belsch. 1989 ass heen mam Ajax Vice-Champion ginn an huet dun als Trainer ganz opgehalen, ass awer nach Scouting maachen gaangen fir (NL) an Udinese Calcio (I).

Am November 2005 hat d'Jeunesse de Spitz op Esch invitéiert wou hien um Terrain empfaangen ginn ass vum C.A. vun der Jeunesse an vun sengen alen Spillerkollegen. Dat wuar emotional een stuarken Moment fir eis all esou een groussen Sportsmann bei eis konnten ze begréissen. Esch / Alzette 26. November 2012